| Den Neckar erop an de Schwarzwald |
|||
| Dënschdeg, 19. - Sonndeg, 24. Mai 2020 annulé |
|||
![]() Am Nomëtteg huele mir den Zuch iwwer Mannheim op Eberbach. Vun do aus fuere mir de Neckar erop, bis bei seng Quell am Schwenninger Moos. Am éischten Deel ass den Dall vum Neckar enk a vill Buergen a Schlässer sinn op den Hiwwele riets a lénks ze gesinn. |
|
Zwësche Gundelsheim a Stuttgart dominéieren dann
d’Wéngerten, déi deelweis op Terrassen ugeluecht sinn well d’Bierger
esou steil sinn. Am Uewerlaf vum Neckar geet et dann zwëschen der
Schwäbeschen Alb an dem Schwarzwald duerch flott al Fachwierkstied a
Richtung Quell.
Vu Villingen aus komme mir mam Zuch zréck op Lëtzebuerg. |
|
|
|
|
||