Rue du Fossé (Gruef) - sans voitures - Make it permanent
|

|

|
D’Rue
du Fossé ass säit August fir den Duerchgangsverkéier gespaart! Aktuell
ass et absurd vun enger Foussgängerzone ze schwätze well et fueren nach
permanent Autoen duerch d’Rue du Fossé, an dat trotz Spärung.
|
Foussgänger beweegen sech weider hin just um Trottoire an als
Vëlosfuerer muss een ëmmer mol erëm engem entgéint kommenden Auto Plaz
maachen! |
Mir begréissen et a freeën eis, datt d’Stad Lëtzebuerg gewëllt ass
d’Strooss weiderhi fir den Duerchgangsverkéier ze spären. Rue du Fossé
soll net länger ee Gruef bléiwen, deen duerch den Autosverkéier
verursaacht gëtt. Duerch dës permanent Spärung kritt de Stadkär eng
nach méi héich Liewensqualitéit an Attraktivitéit. An onsen Aa stellt
d’Rue du Fossé awer och eng immens wichteg Vëlosverbindung tëscht dem
Kierchbierg (Vëlospist Rout Bréck) an der Gare (Vëlospist op der
Passerelle) duer. |
Dofir treffe mir eis den Dënschden den 20. Oktober ab 16h an der Rue du
Fossé fir ze weise wéi wichteg dës permanent Spärung ass! Kommt och dir
deen Dag tëscht 16 an 18 Auer zu Fouss oder um Vëlo an d’Rue du Fossé a
weist datt mir als Foussgänger a Vëlosfuerer méi Plaz an eiser schéiner
Stad brauchen an eng permanent Spärung vun der Rue du Fossé e gudde
Schrëtt an déi richteg Richtung ass!
|
All zesumme fir ee gemeinsaamt Ziel: Autofräie Stadkär! |

|

|