DeLux
Donneschdeg, 06. - Sonndeg, 09. September 2018

Mir starten den éischten Dag an der Stad a fueren un d’Musel. Iwwernuechtung zu Tréier.

Den zweeten Dag geet et vun der Musel un d’Saar, Iwwernuechtung zu Saarlouis.

Bei Völklingen huele mir de Saar-Radweg a fuere laanscht déi däitsch-franséisch Grenz.

No enger weiderer Iwwernuechtung komme mir iwwer Perl an d’Land eran.

Um Saarland-Radweg si kleng onbefestegt Deelstécker an hei muss een och mol méi an d’Pedallen drécken fir Steigungen hannert sech ze bréngen, dofir rullt et dann awer zäitweis och vun eleng.


60-75 km/Dag
Dag 1-2: liicht, Dag 3-4: mëttel
4-8 Persounen

01.06.2018

Carole Stoos
Email